Corona-Mutatiounen: Vill Länner maachen sech Suergen
Wéinst de neie Variante vum Coronavirus denke méi Länner iwwer eng Verschäerfung vun de Restriktiounen no oder hunn dat schonn decidéiert.
An Israel ginn all d’Passagéier-Flich fir bal eng Woch laang gestoppt. De Fluchverbuet trëtt an der Nuecht op muer, Dënschdes, a Kraaft, sou de Büro vum Premier Benjamin Netanyahu. Ausname gëllen ënner anerem fir medezinesch- a Wueren-Transporter a fir Fliger vun de Pompjeeën.
A Frankräich huet de President vum Conseil scientifique, Jean-François Delfraissy d’Regierung opgeruff, weider Mesuren ze huele fir ze verhënneren, datt déi brittesch Variant vum Virus sech weider a Frankräich ausbreet. En drëtte Confinement wier senger Meenung no inevitabel. Trotz där méi strenger Ausgangsspär a Frankräich, vun 18 Auer owes un, sinn d’Neiinfektioune weider eropgaangen. Déi franséisch Regierung soll iwwermuer zesumme kommen, fir eventuell nei Decisiounen ze huelen.
An Däitschland sot de Chef vum Kanzleramt Helge Braun op der ARD, datt hie géif dervun ausgoen, datt déi brittesch Variant vum Coronavirus och an Däitschland déi dominant Form wäert ginn. Zu Berlin waren déi brittesch Variant virgëscht an der Humboldt-Klinik bei 14 Leit, Patienten a Member vum Personal Leit, nogewise ginn. Déi ganz Klinik war duerno an eng Quarantän gesat ginn.