See latest updates
See one new update
See new updates
new updates
No posts for now

US-Arméi bombardéiert ënner anerem e Pëtrolstanker - Iran nees mat Reaktiounen

Déi amerikanesch Arméi huet weider Bombardementer op den Iran lancéiert, dorënner och op ee Pëtrolstanker, dee probéiert hat déi amerikanesch Blockad géint iranesch Häfen ze duerchbriechen.

Den Iran huet dann nees mat Attacken op US-Statiounen an där Regioun reagéiert. Am Kuwait an am Bahrain wieren an der leschter Nuecht nees Sireenen ze héiere gewiescht.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Weider Eskalatiounen

Den Iran huet ugekënnegt, datt d'Strooss vun Hormus zoubleift, soulaang d'USA net mat hire militäresch Attacken ophalen. Ausserdeem hunn déi iranesch Revolutiounsgarden domat gedreet, och aner wichteg Exportweeër fir Ueleg a Gas zouzemaachen. Dat als Reaktioun op nei amerikanesch Loftattacken.

D‘USA sinn an der Nuecht mat hirer Mieresblockad vum Passage vun Hormus weidergefuer. Schëffer sollen doru gehënnert ginn iranesch Häfen oder Küstegebidder unzesteieren oder vun do aus fortzefueren.

Den US-President Donald Trump huet dann och annoncéiert, seng Attacken op Kraaftwierker a Brécken am Iran ze intensivéieren, sollten d'Friddensverhandlunge weider scheiteren.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Iranesch Revolutiounsgarden: Jordanien an USA sollen Zesummenaarbecht stoppen

Déi iranesch Revolutiounsgarde fuerderen ee Stopp vun der Zesummenaarbecht tëschent Jordanien an den USA. An engem Schreiwes hunn déi iranesch Revolutiounsgarde Jordanien dozou opgefuerdert, net méi mat der amerikanescher Arméi zesummenzeschaffen.

Eng Opléisung vun den US-Militärbasen am Land wier awer, esou d'Revolutiounsgarden, e wichtege Schrëtt fir d'Sécherheet an der Regioun nees ze garantéieren, heescht et weider.

D‘lescht Nuecht hunn d‘USA op en Neits den Iran bombardéiert. Dat schonn déi drëtt Nuecht hannerteneen. Ausserdeem wier déi amerikanesch Mieresblockad nees a Kraaft.

Den Iran huet dann US-Statiounen an där Regioun an zwee Uelegtankere vun de Vereenegten Arabeschen Emirater ugegraff.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

USA bombardéieren den Iran déi drëtt Nuecht hannerteneen

D'USA hunn haut op en Neits Ziler am Iran bombardéiert. Betraff war ënner anerem d'Hafestad Bandar Abbas am Süde vum Land.

Dem US-President Donald Trump no géif den Iran näischt ënnerhuelen, fir eng friddlech Léisung vum Konflikt ze fannen. Gespréicher wieren awer nach ëmmer méiglech, esou den Trump.

Trump wëllt d'Strooss vun Hormus kontrolléieren

Parallel dozou huet den Donald Trump erkläert, d'Kontroll iwwer d'Strooss vun Hormus ze iwwerhuelen. Fir all Passage soll eng Tax vun 20 Prozent erhuewe ginn.

Attacken op Tankschëffer

D'Vereenegt Arabesch Emirater hunn iwwerdeems zwou Attacken op Tankschëffer gemellt. Dobäi koum ee Member vum Equipage ëm d'Liewen.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Donald Trump: USA wëllen d'Strooss vun Hormus iwwerhuelen

Den Donald Trump huet ugekënnegt, datt d‘USA d‘Strooss vun Hormus géifen iwwerhuelen, an datt se dofir vun den aneren Natioune sollte bezuelt ginn. Dat sot den US-President géintiwwer Fox News.

Déi iranesch Arméi huet geäntwert, datt si net géif zouloossen, datt d‘USA sech an d‘Gestioun vun der Mieresstrooss géifen amëschen. An all Kooperatioun vun de Länner aus der Regioun mat den USA géif Teheran als "Krichsakt" ugesinn. 

Gëschter hat Teheran gemellt, datt d‘Strooss vun Hormus "bis op Weideres" zou wier. Haut hätt den Iran Warnschëss géint zwee Schëffer ofginn, déi probéiert hätte fir illegal duerch d‘Strooss vun Hormus ze fueren, mellt déi iranesch Staatstelevisioun.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Den Iran mellt Ugrëffer am Südweste vum Land un der Grenz zu Kuwait an dem Irak

Zwou Persoune wiere bei deenen Attacke gestuerwen, 3 wiere blesséiert ginn, esou eng Noriichtenagence.

Rieds geet vun 3 verschidden Ugrëffer. Déi iranesch Autoritéite maachen d‘USA dofir verantwortlech.

Eigentlech haten d‘USA de Moie fréi gemellt, datt hir rezent Ugrëffswell – déi véiert bannent manner wéi enger Woch – eriwwer wier.

Do virdrun haten d‘USA iranesch Positiounen am Passage vun Hormus viséiert, vun deenen aus den Iran Schëffer kéint ugräifen. Den Iran huet mat Géigenattacken op US-Statiounen a Kuwait, Bahrain a Jordanie reagéiert.

D‘Pëtrolspräisser sinn no den Attacken erëm an d‘Luucht gaangen.

Den Iran hätt iwwerdeems Warnschëss géint zwee Schëffer ofginn, déi probéiert hätte fir illegal duerch d‘Strooss vun Hormus wëllen ze fueren, mellt déi iranesch Staatstelevisioun.

Gëschter hat Teheran gemellt, datt de Mierespassage "bis op Weideres" zou wier. Zënterdeem wieren och keng kommerziell Schëffer méi doduerch gefuer, mellt d‘BBC mat Verweis op Tracking-Donnéeën.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Iran dreet mat Broch vum Kaderaccord mat den USA

Den Iran dreet domat, sech net méi un de Kaderaccord mat den USA ze halen, wann d'USA hir Engagementer net méi respektéieren.

Den iraneschen Ausseministère behaapt, ëmmer déi eege Verflichtunge respektéiert ze hunn, och wann d‘USA sech net dru gehalen hätt.

Dës Annonce kënnt nodeems d‘Attacken am persesche Golf sech op en Neits intensivéiert hunn. Amerikaneschen Aussoen no waren iranesch Positiounen am Passage vun Hormus viséiert, vun deenen aus den Iran Schëffer kéint ugräifen.

Den Iran huet mat Géigenattacken op US-Statiounen a Kuwait, Bahrain a Jordanie reagéiert. 

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink

Nei US-Attacken am Iran: Rakéiten op Militärbasen am Kuwait a Bahrain

D‘USA hunn de Moien nees Ziler am Iran attackéiert, viséiert waren an éischter Linn Installatioune fir d‘Loft- a Rakéitenofwier esou wéi Booter vun de Republikanesche Garden.

Vu Washington heescht et, dem Iran sollt domat d‘Méiglechkeet geholl ginn d‘Strooss vun Hormus ze blockéieren. 

Den Iran huet kuerz drop Rakéitenattacken op amerikanesch Militärbasen am Kuwait, am Bahrain an a Jordanie gemellt.

Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink
De Konflikt am Noen Oste spëtzt sech nees zou

An der"Nuecht hunn d’USA 140 Sitten am Iran viséiert, ënnert anerem goufen Dronen a Rakéitelager bombardéiert, grad ewéi Iwwerwaachungsposten a Kommunikatiouns-Reseauen. 

D’USA hätten déi Attacke lancéiert, nodeems den Iran zwee Frachtschëffer an der Mieresstrooss vun Hormus attackéiert hätt. Den Equipage vun engem Schëff huet decidéiert vu Bord ze goen.
Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink