See latest updates
See one new update
See new updates
new updates
No posts for now
China: "Midterms betreffen amerikanesch Innepolitik"

Dat sot d'aussepolitesch Porte Parole vun der chineesescher Regierung. 

"China ass bereet, weiderhi mat den USA zesummenzeschaffen, fir de wichtege Konsens, dee vun deenen zwee Staatscheffen erreecht gouf, oprechtzeerhalen an ëmzesetzen, d'Kommunikatioun ze stäerken an d'Differenzen op eng adäquat Manéier ze geréieren", esou nach d'Mao Ning.
Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink
Demokrate gewannen och zu Michigan

Do konnt sech den Abdul El-Sayed géint de Republikaner Mike Rogers duerchsetzen. Domat gëtt hien den éischte muslimesche Senateur an den USA.

Virun der Wal war et am Lager vun den Demokraten Opreegung gi well d'Demokratin Haley Stevens virgëschter nach hier Supporter dozou opgeruff huet fir de Republikaner Rogers ze stëmmen.
Den Abdul El-Sayed schwätzt no senger Walvictoire viru senge Supporter:innen
Den Abdul El-Sayed schwätzt no senger Walvictoire viru senge Supporter:innen   credit: EPA/SARAH YENESEL
Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink
Wäert vum Dollar fält

Wéinst der Angscht vu politesche Blockaden no der Victoire vun den Demokrate verléiert den Dollar op aner wichteg Währungen.
Géint de japanesche Yen huet den Dollar 0,34% verluer.

Och d'Bedenken, datt ënner den Demokraten e manner favorabelt Ëmfeld fir Kënschtlech Intelligenz geschaf gëtt, wierkt sech op d'Bourse aus, beispillsweis a Japan.


credit: EPA/FRANCK ROBICHON
Share
Share on Facebook Share on LinkedIn Share on WhatsApp Share on Telegram Share on Twitter Share via Email |
Permalink